Summer Felling mam CS Suessem


23 June 2021

De Summerfeeling ass zeréck am Park vum Suessemer Schlass vum Samschdeg, 3. Juli bis Sonndeg, 04. Juli 2021! Mat héichwäertegen Exposanten a fräiem Entrée.
 
Niewent engem Muart mat iwwer 50 Exposante suergt e Grupp Artiste fir Animatioun.
 
Genéisst och e gudde Maufel an eisem Food Village mat sechs ganz ënnerschiddleche Food Trucks, enger Cocktailbar an engem Dj.
 
Ëffnungszäiten: samschdes, den 3. Juli vun 11.00 bis 19.00 Auer & sonndes, de 4. Juli vun 10.00 bis 18.00 Auer.
 
Dës Manifestatioun fënnt ënnert dem Regimm CovidCheck statt. Dir sidd gebieden an der Entrée Äre Certificat virzeweisen. All d'Informatioune fannt Dir um Site vun der Santé -> covid19.public.lu/lb/covidcheck.
 
Profitéiert vum Park&Ride vun de Parkingen um Woeller & Z.I. Gadderscheier oder klammt op de Vëlo. Niewent enger grousser Unzuel vu Vëlosparkplazen op der Plaz, ass och eng mobil Vël'ok-Statioun direkt um Site. De Summerfeeling ass iwwerdeems op de Vëlosweeër an der Gemeng Suessem ausgezeechent.
 
Mat den TICE Linne 13&15 kommt Dir och direkt bei d'Schlass.