MERCI CAPITANO !!!


16 May 2017

Merci Capitano !!!!



En grousst Kapitel vum Suessemer Fussball geet en Samschden op en Enn. De Bossio Tun deene meeschte besser bekannt als Avernas Tun hänkt en Samschden seng Fussballschung als aktive Spiller un den Nol.



1986 huet den Tun zu Suessem seng éischt Lizenz gemaach an hien ass 31 Joer laang dem Veräin trei bliwwen. Heen ass duerch all Jugendkategorien gaange bis an Seniors 1 an 2.



Den Tun bleift dem Veräin awer weider erhalen als Seniors 2 Trainer nächst Saison.



Dofir biede mer all fréier Traineren , Matspiller , Kollegen de Wee en Samschden op Suessem op den Terrain ze fannen vir dem Tun bei sengem lëschte Match Merci ze soen.



An wei den Zoufall dat well ass et och nach en immens wichtege Match. Am Fall vun enger Victoire en Samschden géint Schuller steigen eis Seniors 2 an déi 2 Klasse op.



Dofir alles en Samschden op Suessem op den Terrain vir den Tun an seng Equipe ze ënnerstëtzen. Ustouss ass um 18:00 zu Suessem.



Merci Capitano vir 31 Joer Suessem !!!