Den CS Sanem trauert em hiren Member den Marco Laschette


15 June 2021

Léiwen Marco

Däin Stull um Comptoir, deng Flute wäert eidel bleiwen.

Keng Bundesliga oder Match wou's du deng Famill net besichen komm bass.

Leider hues du eis e Sonden fir ëmmer verlooss, laang gekämpft géint eng Krankheet un där leider nach vill ze vill Léit stierwen.

Den CS Suessem dréckt dem Danielle, dem Gilles, Glenn a Yann an der ganzer Famill hiert häerzlechst Bäileed aus.

Marco mir wäerten dech vermessen